Iwwer eis Ons Hënn Fotoalbum Worfplanung Gäschtbuch Kontakt Video
Startseite Iwwer eis

Iwwer eis




Iwwer eis,

D’ Blanche, ech an eis Déieren wunnen zu Colmer-Bierg direkt beim Bësch. Dës Natur si mir eisen Muppen schëlleg, an et ass eng vun deene beschten Viraussetzungen, fir, dass régelméissegen Auslaaf garantéiert ass.
D’ Meck, wor eisen éischten treie Mupp; eng Rottweilermadame.
Duerno koum d’ Zatz , eist schwaarzt Labradorsmeedchen ( vum Renée Constantini, Rendry’s ). Als Labrador ass d’ Zatz ee rouege Mupp, vun Ufang un liicht erzéibar,
mat super Eegenschaften, déi net nëmmen eis, mee och dem ganzen Bekanntenkrees séier un d’Haerz gewues ass.
Fir, dass sou ee gudde Mupp weiderliewen soll, hu mir d’Idee kritt, mam Zatz ze ziichten.
“ Vun der Schantz”, Uertsdeel, wou mir wunnen, ass spontan den Ziichternum gin.
Aus dem 1te Worf vum Zatz, hu mir d’Diva, ee brongen Labi zréckbehaalen. D‘Diva huet sai gudd Behuelen deels senger Mamm ze verdanken, mee awer och enger konséquenter fairer Erzéihung. Op der Hondsexpo huet et excellent kritt.
Onglécklecherweis, huet sech aus enger Roentgen rausgestallt, dass mam Diva net geziicht kéint ginn (HD C)
Vu dat mir awer nach eemol déi Freed mat klengen Welpen wollten erliewen, hu mir d‘Zatz eng 2te Kéier decke geloos mam Resultat : 7 gesond a stark Bouwen.
Noom 3te Worf, huet eis Famill sech nach emol vergréissert mam Farah,Fritzie an Fraya.
D’Zatz huet eiser Meenung no, noom 4te Worf, genuch Familljen, déi haut zu eisen Frënn ziehlen, glécklech gemaach an huet sech, bei eis doheem mat och nach 3 Kaatzen, seng Pensioun wuehl verdengt.
Duerch eis Zuucht hu mir vill nei Frënn a Bekannten kennen a schätzen geléiert.
Virun allem awer si mir stolz op eis Muppen, déi all ee gudde Charakter hun, wéi och op eist gesond Menschenkenntnis, d’ Muppen an déi richteg Hänn weiderginn ze hun, wou all Mupp doheem ass, an als Déier gudd, équilibréiert an respektvoll behandelt get.

Blanche a Jemp